Krau. I make unique & authentic furniture. This page is more about daily work pictures and some personal t

20/03/2026

Dëse Post a Video widme mir dem Steve oder heescht en awer vläit Charles?!
Virun kuerzem huet hien eis op eegenem Wonsch verlooss, fir sech enger neier Erausfuerderung ze widmen.
Ste..Charles, Merci fir déi interessant Zäit, déi mir matenee verbruecht hunn. Mir wënschen dir alles Guddes, maach dat anstänneg ;) a bis geschwënn.

17/10/2025

👜🐈 ELO ASS D’KATZ AUS DEM SACK!
No 5 Joer CHARLY KRAU wood&more ass Schluss domadder.
Ab Haut triede mir ënner krau. ​miwwel. design. schräinerei. op.
Looss eis e Commentaire weis du den neien Numm a Logo fënns a ob du un engem Video mat mei Informatiounen intresséiert bass.
.

16/10/2025

4. WIERDER

4. a leschten Video iet muer de GROUSSEN Video kennt.
Haut leider ouni alter Ego Zwilling.

15/10/2025

MIR REDUZEIREN!
Ween ass dofir dass ech de komeschden Dude do zur Ried kommen loosen?

3. vu 4 klenge Videos a Freideg grouss Enthüllung 🤩
Oder schon en Donnechden via Newsletter ob eisem Site, fir dei extra firwetzeg

14/10/2025

MIR BEKENNE FAARF!

2. vu 4 klenge Videos a Freideg grouss Enthüllung 🤩
Oder schon en Donnechden via Newsletter ob eisem Site, fir dei extra firwetzeg

13/10/2025

MIR VERÄNNEREN EIS!

1. vun 4 klenge Videos

5 Meter | Sëtzbänk | ClientswonschKlasseschen Fall, Cliente huet e puer Iddien a Pinterest Screenshots 🤳🏻📱 mir maachen 3...
12/02/2025

5 Meter | Sëtzbänk | Clientswonsch

Klasseschen Fall, Cliente huet e puer Iddien a Pinterest Screenshots 🤳🏻📱 mir maachen 3 Entwerf, Cliente sicht de scheisten eraus. 🤩
Kuerz Zeit dono, steet des Bänk wei vun eis gezeechent bei dëser Koppel am Living.
Ob der Setzfläch kennt, eng ganz schéin Holzmaserung zur Geltung. 🪵
D’Fronte ginn vu Stolen Blecher dominéiert, och hei schéin ze gesinn, eng fortlafend Verfierwung vum Stol - IMMENS!

Wei gefält dir des Kombinatioun?

Eechen a Valchromat | Bibliothéik | ClientswonschOch ob dëser Bibliothéik 📚 gouf eisen Entworf, duerch de leschten Touch...
12/02/2025

Eechen a Valchromat | Bibliothéik | Clientswonsch

Och ob dëser Bibliothéik 📚 gouf eisen Entworf, duerch de leschten Touch vum Client corrigéiert an dunn ofgeseent.

Mol eng aner Faarfkombinatioun vu groe Valchromat a klasseschem Eeche Massivholz.

Ech fannen des Kombi ass eis gutt gelongen, wat denks du?

Koski | Stockage | Späicher-AusbauBeim plange vun dësem Miwwel ass mir opgefall, Moment, de steet jo ob der Kopp! 🙃Alt e...
12/02/2025

Koski | Stockage | Späicher-Ausbau

Beim plange vun dësem Miwwel ass mir opgefall, Moment, de steet jo ob der Kopp! 🙃
Alt erëm eppes Neies, wat nach net do war, ma ëmsou mei flott.
Dem Client war wichteg, vill vu senge Gesellschaftsspiller 🎲 ënner ze kréien, ech mengen dat ass em gelongen.
Och ze gesinn, en neien a passenden Dësch fir d’Spiller auszebreeden.

Du brauchs e Schaaf ob der Kopp oder “normal”? Mir hëllefen gären, mell dech!

Eeche | Stockage | Späicher-AusbauDësen wonnerschéinen Schaaf mat sengem fortlafenden Maserungsbild ass nëmmen een Deel ...
05/02/2025

Eeche | Stockage | Späicher-Ausbau

Dësen wonnerschéinen Schaaf mat sengem fortlafenden Maserungsbild ass nëmmen een Deel vun engem komplette Späicher-Ausbau.
Mir gefält des Usiicht a Foto esou gutt, dass ech him en eegene Post widmen.

Keins du och en neie Stockage Schaaf gebrauchen? Mell dech bei eis!

Adresse

Ellange

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 18:00
Mardi 09:00 - 18:00
Mercredi 09:00 - 18:00
Jeudi 09:00 - 18:00
Vendredi 09:00 - 18:00

Téléphone

+35226787234

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Krau. publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager