12/01/2026
Fir di leschte Kéier wënscht den Atelier Verraille e schéint neit Joer! ✨
Den Atelier mecht dëse Mount definitiv seng Dieren zou an ech wëll jidderengem e grousse MERCI soën, dee mat un dëser flotter Geschicht geschriwwen huet. Ech selwer wäert nach als Hobby e puer Pärelen dréinen, dat offiziellt Kapitel huet awer elo säin Enn fonnt. 🔥🔥
Et war eng ofwiesslungsräich Rees mat ville flotte Statiounen, interessante Bekanntschaften an intensiven Emotiounen, fir déi ech onendlech dankbar sinn! D‘Magie vum Glas bleiwt 🧡