BamBitz 🌸Sewing is my happy place🌸
selwergebitzten Accessoiren mat Léift gemach 🩷

🧵 Loscht op e kreativen Owend?Den 10. September um 18 Auer bitze mir zesummen op der Lameschmillen e schéine Broutkuerf ...
02/09/2026

🧵 Loscht op e kreativen Owend?

Den 10. September um 18 Auer bitze mir zesummen op der Lameschmillen e schéine Broutkuerf 🩷
E gemittlechen Owend, kreativ sinn, e bëssen poteren – an um Schluss gees du mat dengem selwer gebitzte Broutkuerf heem. ✨

📍 Adebar Lameschmillen
💶 80 € pro Persoun, Material abegraff
📞 Umeldung: +352 621 437 700

Ech freeë mech op ärch! 🥰

Adebar Lameschmillen asbl - nët nëmmen fiir déi Kleng 👆🏻

❤️💫Wann d‘Hänn kreativ gin, kann de Kapp zur Rouh kommen ❤️💫

Eng vun den Aufgaben vun der „Millen“
Sidd beim éischten „kreativen Owend“ dobäi

‼️Mellt aerch un well d‘Plaze si limitéiert‼️

PN oder 📞 621437700

☀️ Bambitz mécht eng kleng Summerpaus! 🌴Vun elo un sinn ech an der Vakanz an bis September gëtt et eng kreativ Paus.Elo ...
10/08/2026

☀️ Bambitz mécht eng kleng Summerpaus! 🌴

Vun elo un sinn ech an der Vakanz an bis September gëtt et eng kreativ Paus.

Elo ass Zäit fir nei Energie ze tanken, vill flott Erënnerungen ze sammelen an nei Inspiratioun ze fannen. 💛

Merci vun Häerzen fir äert Versteesdemech an är Ënnerstëtzung.

Ech freeë mech schonn, am September erëm mat vill Loscht an neie Kreatiounen zeréck ze sinn!

Schéi Summervakanz! ☀️🩷
Dani

Hallo 🌸 Ech freeë mech rieseg, dëst Joer erem mat Bambitz um Nuetsmaart ze stoen. 🥰Wann dir Loscht hutt op e flotte Summ...
05/06/2026

Hallo 🌸 Ech freeë mech rieseg, dëst Joer erem mat Bambitz um Nuetsmaart ze stoen. 🥰

Wann dir Loscht hutt op e flotte Summerowend, e bëssen ze bummelen, eppes Guddes ze iessen an déi vill flott Stänn ze entdecken, da kommt onbedéngt laanscht.

Bei mengem Stand fannt dir vill Saachen, déi ech mat vill Léift a Kreativitéit gebitzt hunn – vun Ouerréng iwwer Troussen bis bei kleng Geschenkiddien 💗 och puer nei Kreatiounen 😍

Mai Meedchen verkeeft souguer seng handmade Ouerréng an huet souguer eng „Nationalfeierdag Editioun“ rausbruecht ✨STAY TUNED✨

An och wann dir näischt braucht: kommt einfach Moien soen, e bëssen schwätzen a kucken. Ech freeë mech ëmmer iwwer all bekannt a nei Gesiichter. 😊

📍 Gemengeplaz Käerch
🗓️ Freides, den 19. Juni
⏰ 18:00 – 24:00 Auer

✨ Fir déi, déi schonn hire Summer-Kalenner fëllen wëllen, där fannt mech och hei:

📍 4. Juli – Summerfest vun der APEMH
📍 12. Juli – Zolwermoart

Ech kann et kaum erwaarden! 🌙✨

Bis geschwënn 😘

Hey ☀️ hei nach emol d‘Detailler vum Dag vun haut 🙃An dat Bescht: d‘Wieder ass top 🙌🏽 Mär gesin eis haut um Belval vun 1...
09/05/2026

Hey ☀️ hei nach emol d‘Detailler vum Dag vun haut 🙃
An dat Bescht: d‘Wieder ass top 🙌🏽
Mär gesin eis haut um Belval vun 10-18h 🥰

Sou eng cool Trupp konnt ech e Sonnden a mengem Workshop empfänken 🥰 mär hu gutt gelaacht a natirlech och gebitzt 😝 d‘Re...
28/04/2026

Sou eng cool Trupp konnt ech e Sonnden a mengem Workshop empfänken 🥰 mär hu gutt gelaacht a natirlech och gebitzt 😝 d‘Resultat ka sech defintiv weise loossen 👏🏽 E grousse Merci un dech 😘

Adresse

Luxembourg
4405

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque BamBitz publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à BamBitz:

Raccourcis

Partager