L‘Atelier - by Armurerie P.Frauenberg

L‘Atelier - by Armurerie P.Frauenberg Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de L‘Atelier - by Armurerie P.Frauenberg, Boutique d’art et d’artisanat, 100 Route de Bastogne, L Feulen, Niederfeulen.

20/02/2026
22/01/2026

Et voilà! En weidere Projet verléist eisen Atelier an geet un en gléckleche Client!

Mir freeën eis op deen nächste groussen Projet! Mir bauen no de Wënsch vum Client en juegdlechen Repetéirer op M98 Basis...
05/11/2025

Mir freeën eis op deen nächste groussen Projet! Mir bauen no de Wënsch vum Client en juegdlechen Repetéirer op M98 Basis. D‘Wiel vum Kaliber ass op den 7mm PRC gefall. En relativ neie Kaliber, deen 2022 vun Hornady virgestallt gin ass. Des Patroun stecht duech en immens gudden ballistesche Koeffizient an eng héich Eegepräzisioun raus, an ass domat ideal fir Schëss op wait Distanzen. Mir freeën eis op déi nächst Méint 🤙🏻

31/10/2025

Op deser klassescher Bécksflënt hu mir fir en SWAROVSKI OPTIK Hunting z6i 1,7-10x42 eng Suhler Einhakmontage gefäerdegt. Wéi et sech gehéiert, sin, der original Gravur noempfond, d‘Montagestécker virum Brünéieren klassesch gravéiert gin.

Handgravuren op Juegdwaffen - eng Konscht fir sech. An desem Fall huet eis Graveurin Samara Fauster sech rem bewisen. De...
23/10/2025

Handgravuren op Juegdwaffen - eng Konscht fir sech. An desem Fall huet eis Graveurin Samara Fauster sech rem bewisen. Dem Client sai Wonsch war sai Familiewopen op der Pistoulegrëffkäppchen, an Feingold ageluecht an dann rem gravéiert. D‘Resultat kann sech definitiv weise lossen!

15/10/2025

Hei montéiere mir en neien Lothar Walter Matchlaaf op en Re*****on 700 System. Dobai gett de Verschlossofstand areguléiert a mat Go/Nogo Lehren gepréift

 Eng wonnerschéin Säiteschlass Bockflent Kal.16 aus dem Haus Winkler, Ferlach hu mir komplett restauréiert. • Schaftupas...
04/10/2025



Eng wonnerschéin Säiteschlass Bockflent Kal.16 aus dem Haus Winkler, Ferlach hu mir komplett restauréiert.

• Schaftupassung duech eng verlängert Schaftkaap, bezunn mat schwarzem Rendslieder
• nei Pistoulegreffkäppchen mat der Baskül ugepasster Handgravur an Initialien am Feingold ageluecht
• Tru-Oil Schaftfinish
• Laaf an Ubaudeeler nei poléiert an brünéiert
• Zéngel nei vergëld
• Fëschhaut nei geschnidden

Mir wënschen dem Client vill Freed mat desem Bijoux! 👌

27/08/2025
Aus desem Suhler Drilling Kal. 8x57IRS / 16/70 hu mir duech Montéieren vun engem Astiechlaaf Kal. 6,5x57R en Bockdrillin...
23/08/2025

Aus desem Suhler Drilling Kal. 8x57IRS / 16/70 hu mir duech Montéieren vun engem Astiechlaaf Kal. 6,5x57R en Bockdrilling gemat. Domat ass eise Client fir all heemesch Wëldart ideal gerüst. Montéiert gouf en schlankt Zeiss Victory HT 1,5-6x42, wat d‘Waff ideal fir d‘Pirsch an den klasseschen Usetz mecht, an och gutt an d‘Gesamtbild passt.
D‘Schossbild mat zwee Schëss pro Kurrellaaf op 100 Meter ass eis och ganz brauchbar gelongen 💪
Mir wenschen dem Client vill Freed an Erfolleg mam „neie Klassiker“💥

Adresse

100 Route De Bastogne, L Feulen
Niederfeulen
9176

Heures d'ouverture

Mardi 09:00 - 18:00
Mercredi 09:00 - 18:00
Jeudi 09:00 - 18:00
Vendredi 09:00 - 18:00
Samedi 09:00 - 17:00

Téléphone

+3528114371

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque L‘Atelier - by Armurerie P.Frauenberg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à L‘Atelier - by Armurerie P.Frauenberg:

Partager