12/11/2024
Hallo dir Leiwer,
dëst hei sinn dei allerlescht Schaler an Mutzen dei nach iwwreg sinn, vun all denen villen, dei ech iwwert dei ganz Joëren gebitzt hunn🥰
Wei den een oder aneren gemierkt huet, sinn ech nemei présent op den Hobbymärt an wärt dat och nemei sinn bis op 1-2 Stéck vlait nach. Dat bedéit natiirlech och, dass dëst déi läscht Schaler an Mutzen sinn wou et wärten ginn. Ok ok et kommen der vlait nach e puer no (wann main Stock bis geraumt ass an ech alles u Stoff opgebraucht hunn)😂😊 mee vir den Moment ass et är lescht Chance zouzegraifen 🥰
se sinn 20€/ Stéck vir de Schal an 10€/Mutz ouni Bommel an 12€/Mutz mat Bommel (kann op all Mutz dropgemaach ginn). Se kënnen geint Porto geschéckt ginn oder zu Kanech(an Emgeigend bis op de Findel) oofgeholl hinn😊 heiansdo besteet och Meiglechkeet et zu Diddeleng oofzehuelen.
Merci och all Eenzelnen vun Ierch, den 1/2/3/4 Schalen an Mutzen besëtzt, an mech esou ëmmer rem ënnerstetzt an motiveiert huet vir wéider ze bitzen an ze produzéieren🥰 dir sidd immens❤️
vir all wéider Froën oder Infoen, kënnt der mir ganz gären schreiwen🥰😊 1 Foto vum Set hunn ech dobai gemaach, vir déi Léit dei nët wëssen wei meng Schaler ugedoen ausgesinn😊
een riesegrousse MERCI un ierch🥰❤️