20/04/2026
Juppi du Château 7.4.26
No 55 Joer Zuucht mengt een, een hätt schonn alles gesinn…
Mee heiansdo kënnt d’Liewen mat enger Geschicht, déi ee ni wäert vergiessen.
Op Ouschterméinden – engem Dag, dee fir Neianfäng steet – ass eist klengt Fillen gebuer ginn. Just 3,5 Minutten… esou séier war de Juppi op der Welt. Kleng, fragil… a fir eis direkt eppes ganz Besonnesches.
Mee d’Freed huet net laang gedauert.
Eppes war anescht. Eppes huet sech net richteg ugefillt.
Mat Hëllef vun eiser Vétérinairin Kroemmer Sarah an der krute mir eng Diagnos, déi eis kuerz de Buedem ënnert de Féiss ewechgezunn huet:
De Juppi ass blann – oder bal blann.
Eng Realitéit, déi ee fir e Päerd kaum a Wierder faasse kann.
Fir e Moment war do just Onsécherheet. Froen. Angscht.
Awer eng Saach war direkt kloer:
Opgin gëtt et net.
Och Maxi Hätti (Dorn-Technik) huet mat vill Rou, Gedold a Gefill mat him geschafft. An de Juppi?
Hien huet gekämpft. All Dag e bëssen méi.
Mir hunn eis decidéiert, him all Chance ze ginn.
Fir seng Sécherheet hu mir en neien Drot gezunn, an der Mamm eng kleng Klack 🔔 ugedoen…
An do huet seng Geschicht eréischt richteg ugefaangen.
Well de Juppi huet gelauschtert.
Hien huet sech orientéiert.
Hien huet geléiert, der Klack no ze goen. 🧭
An haut?
Haut leeft hien – monter, virwëtzeg a voller Liewensfreed – duerch d’Wiss.
Net perfekt.
Net ouni Erausfuerderungen.
Mee mat enger Kraaft, déi ee schwéier beschreiwe kann.
De Juppi gesäit vläicht d’Welt net mat den Aen…
Mee hie weist eis all Dag, wéi een se mat Häerz gesäit.
An heiansdo… sinn et genau déi kleng, aussergewéinlech Geschichten, déi eis drun erënneren, wat wierklech wichteg ass.
Bleif staark, klenge Juppi. 💛